Dr Dong
Ech setzen an der Cafeteria/ dem Restaurant an waarden op den 'Dr Dong', den huet d'Madam am Hotel geruff fir no mengem Been ze kucken. Et as e besi geschwollen ennen an rout, et fillt sech un wei wann ech d'Muskelen gerass sin, keng Ahnung wat ech gema hun. Eran kennt fir d'eischt eng vietnamesesch Madam, hannendrun e klengen verdruddelten vietnameseschen Mann matt enger Malleta.
Si schwaetzt drei Wieder Englesch, hien keen Franseisch oder Englesch, ech keen Vietnmesesch, dat kann jo Freed gin...Hien kuckt mein Been 2 Minuten, schwaetzt net mat mir an verschwennt 10 Minuten an d'Buedzemmer. Wei en eremkennt, d'Haenn gudd gewaesch, d'Gesiicht pletschnaass, mecht seng Maletta op an hellt eng selwer Kescht eraus matt Scheiren, Messeren, Spretzen, dei all mei brong-raschteg sin ewei selwerfaarweg, ech mengen dei sin mei al ewei d'Saachen dei ech an esou munchen Kelleren vun virun 50Joer erausgekroomt hun. Ech gin scho waiss am Gesicht, hoffen dass deen net welles huet mech opzeschneiden oder opzepicken matt irgendengem vun denen Instrumenter...
Gott sei Dank hellt hien just Medikamenter eraus an schneit mir genee 4 Voltaren Pellen an 4 rosa Ma-mech-frou-Pellen eraus, 4 roud Vitamin B Pellen a 4 bloer. D'Madam seet eppes vun Allergie/ Inflammatioun. 'Op wat?' froen ech 'Dat kann villes sin, mengt si: Iessen, Dreck, d'Plage, en Insekt...' ganz in formativ, ech si frou dass ech den Dokter geruff hun.
Vu dass ech mein Spuddelwaasser suckelen an ech net well onheiflech sin, froen ech den Docter Dong op hien eppes wilt drenken. Dat hat en verstan! 'Heinecken!' heescht et, '2'. Ok, souvill fir net am Dengscht drenken...Wei hien seng brong-raschteg selwer Kescht nees agepaak hat an eng gudd Zigrett ugefaang huet, faenkt hien un mam Stuart op Vietnamesesch ze schwaetzen. Sein Hut an sein Sonnebrell gengen hien interesseiren...Wei hien 'the Marlboro feeling' bis op Foto festgehal hat an seng Beierchen genesslech gedronk hat, froen ech hien weivill hien geng kreien.'Medical Insurance?' freet en mech, ech soen Jo. Hien kuckt an d'Luut, kuckt vun wou de Wand kennt, an declammeiert: 40 dollars.'
Ech muss jo net preziseiren dass ech 4 Deeg drop, wei ech nees zu Hanoi war, an d'franseischt Spidol gaang sin well mein Been mei schlemm gi war, an dass dat ganzt weit ewech vun enger 'Allergie/ Inflammatioun war. Derwert war et emmer, an wann och nemmen fir ze staunen.
Leider as mein Been net besser gin, hun eng Phlibite/ Trombose an de Monni Docter huet gemengt ech haet besser mech ewech ze man aus Drettwelt-Lanner, also kommen mir elo emol nees kurz heem, awer nemmen fir eng Dusch ze huelen an e puer Bludanalysen ze man, wann et mir no geet:)
0 Comments:
Post a Comment
<< Home