martineandstu

Wednesday, September 20, 2006

Vun Bulli a Fierkelen- Laos 2



Ukomm zu Luang Nam Tha, hun mire is op en Trek gema an den Nationalpark. Am Ufank waren mir jo na ganz begeeschtert, Reisfelder, e bessi durch en Floss treppelen asw. Bis et ugefaang huett matt reenen an eisen Wee just nach Bulli war. Net e bessi Bulli, eischter wei schwaarz Seef eng Pente erof oder erop, just hei konnt en neischt gewannen. Mir hun keng Schong mei gesin, vun trepplen was keng Riets mei, eischter wei 80-Joer-al Ditten dei sech un hirem Bengel festhalen fir irgendwei erofzefkommen. Irgenweid hun mir et jo gepackt an sin am Akha Duerf ukomm. 300 Leit liewen do, planzen Reis and an anerer koomesch Kaeren un.D’Fraen sin plaakesch bis op eng Zort Jupe an gesin al aus, obschons se vlait nemmen 40 Joer al sin.
Mir konnten ons dun bei den ‘Petz oder bei de Floss’ waeschen goen. Natirlech fir d’eischt erem en Hiwwel mat Bulli erofrutschen, dann kent een bei den ‘Petz’, wat am fong just den ieweschten Deel vum Floss as, en Ennersched teschent denen 2 gouf et am fong net. En Ennerscheed tescht ‘virum Waeschen’ and ‘nom Waeschen’ och net, well een jo nees huet missen den Hiwwel mam Bulli erofkommen fir bei d’Huett.
Bei der Huett ukomm, gesin mir e Grupp vu Leit op en kleng Schwein kucken. Wat da lass wir, froen mir. Dat as eist Owesiessen…Gudd gelaach, bis den Mann mat engem riisen Messer lass fiirt. Am fong as et ganz einfach: also, fir d’eischt d’Patten zesummenstrecken fir dass dat Dengen net zevill wibbelt, dann den Hals durchschneiden bis dat ganz Blut erausgelaf kennt, (den Mann huet nach emol mam Fanger nogekuckt op och alles eraus wir), an dann an d’waarmt Waasser zappen, mam Kapp fir, dan kann een d’Haut besser erofzeien. D’Fierkel wibbelt dann nach e bessi, wei wann et lieweg wir, mee dat as net schlemm, dat sin just d’Nerven, soten si… Gedaerms eraushuelen, a Stecker schneiden an op de Grill, also bei d’Feier. Delicious…

1 Comments:

At 8:36 am, Anonymous Anonymous said...

Hey Hey - forgot all your english?? Quit brutal to switch back to Letzebuergesch after your exellent english writing

 

Post a Comment

<< Home