De Bulli am Laos 1
Mein Rucksack huet en neien Numm: ‘television’… well dat as wat all Mensch hei seet wann se mei Rucksak an den Bus oder op den Dag vum Tuk tuk hiewen…dobei war ech esou stolz dass ech nemmen 18 kilo derbei hat.
Dat matt dem Reesen wir jo flott, wann et nemmn Busser an Zich wiren…Am Laos ukomm hun mir eis gesot: komm mir huele esou en long-tail boat (2 cm iwwert dem Waasser) fir an de Norden ze fueren (15 Stonnen, 2 Deeg). Mir charteren esou en ‘privat Boot’ mat 3 aneren Leit, hoffen op eng gudd Setzplaatz matt ‘vue sur la riviere’. D’Aventure faenkt schon un wei mir sollen bei d’Boot kommen, ech matt mengen 18 kilo um Reck an 10 kilo am ‘klenge’ Rucksak. Mir treppelen esou en klengen Wee erof, durch eng Wiss, dun op emol leien just nach esou Bambooaescht virun eis. Ech hun ganz seier erausfont firwat, wei et bis am Bulli festhung, bis iwwert d’Kneien, mat mengen 28 Kilo….an de Bulli as wei den am Sumpf, all Bewegung heegt dass de weider erofrutschts.Gottseidank as dun de Mann vum Boot komm fir mech ze retten…an huet virun allem emol mei klengen Rucksak geholl an hut sech nes emgedreit fir bei d’Booat ze goen, waehrend d’Martine am Bulli verschwennt. Ech soen iech d’Fluchwieder aus allen Harenlaenner sin erauskomm, de Stuart probeiert mech um Rucksak unzehalen, de Rucksak as uewen, ech haenken ennendrun…Resultat: irgendwann-nodeems 3 aner Leit och hallef dran leien-kommen ech eraus, ouni Schong natirlech, dei hun ech dem hellgen Buedem vum Laos als Don gin). Mir gin bei d’Boat…genee, Vue sur la riviere: jo. Setzer: nee. Daach fir Schied bei 35Grad: nee….Also hun mir eis et op den Reissaeck gemitlech gema, op eisem ‘private Boot’, wat op emol en Cargoboot gin as…15 Stonnen….
2 Comments:
Pardon..?
;o)
De groussen Drama waren natiirlech d'Schong!:-)
Joëlle
Post a Comment
<< Home