martineandstu

Tuesday, July 10, 2007

Santa Maria de Catamarca




No laangem Sichen haten mir Santa Maria de catamarca endlech fonnt: am Norden vun Argentinien, hannert geien Hiwwelen, an do wou d´Beem Plaaz fir de Steps gema hun. An deser Geigend reent et net vill, wat dann och direct en Problem as fir d´Wirtschaft an dÁrbechtspalzen an der Geigend, well der gin et der net vill. Eng Staadt dei ganz aanescht as wei dat wat mir bis dohin vun Argnetinien gesin hun, an awer as eppes dselwecht: d´Leit sin immens leif.


Mir waaren ennert anerem do fir en Projet vun enger letzeburger ONG kucken an filmen ze goen, an sin direct superleif vun der Famill vun der Directrice empfaang gin. De Projet dreit ronderem eng Schoul dei geschaafen gouf fir den Leit aus der Geigend d´Handwierker an d´Traditiounen vun der Geigend nees kennen beizebrengen an Konschtobjetén, Artisanat hierzestellen fir Touristen an ze wessen wou di verschidden Elementer hirkommen. Et war immens interessant, et sin Leit, virun allem Fraen vun all Alter dei an deser Schoul sin an super Biller, Keramik, Bijouén an Metallsaachen hirstellen. Een vun den interessansten Atelierén war wuel den vun der Woll, wou eng 15 Fraen de Stuart net mei lass gelooss hun an beschwat hun sou dass mir zum Schluss nach bal eisen Bus verpasst hun, hien awer en scheine Schal kaf huet:). Den Atelier gouf vun der Marguerita an d´Liewen geruf, virun enger 5 Joren, wei di argentinesch Economie zesummengebrach as an d´Famillen am Duerf keng Arbescht mei haten. Hei hun d´Fraen eng Arbescht fonnt, wat och nach eischter ongeweinlech war, well et nach eng zimlech patriarschesch an machistesch Gesellschaft hei as. An awer: matt denen Machinen dei mir zu Esch Sauer vlait eischter an der Duchfabrik gesin oder soss an engem Musee, maachen si Ploveren an Schaler, aus Lamawoll: 30 Stonnen Arbescht fir en Plover. Domatt kennt Suen an d´Duerf, mee nach vill mei, schengt et.


Iwwerall sin mir leif empfang gin, sin bekacht gin, well eis Quick Zoppen eischter aarmseileg ausgesin hun an hiren Aaan. Eppes as secher: d´Temperaturen um Termometer waren mei wei deif do uewen, mee wat dei mei déif sin, wat d´Leit mei waarm sin, schengt et.

0 Comments:

Post a Comment

<< Home